CreBelFin

FR | LUX | PT | NL Tel:  0032 2 852 34 42
Mob:  0032 474 34 65 30
E Kredit online ufroen

Kredit fir perséinlech Benotzung

Dir braucht dréngend Liquiditéiten, a wëllt e Kredit ufroen, ouni Justificatiffer musse virzeweisen ? Dann ass de Prêt fir perséinlech Benotzung genee dat richtegt fir Iech. Dir braucht de Grond vun Ärer Kreditufro net ze justifiéieren. Dir kritt Är Liquiditéite bannen 48 Stonnen no der Akzeptatioun vun Ärem Dossier. Dir profitéiert vun engem besonneschen Taux. Dir decidéiert, wéi Dir Är Sue verwenne wëllt. Crebelfin garantéiert Iech eng 100-prozenteg Diskretioun.

Mir kënnen Iech e Kredit fir perséinlech Benotzung ab engem Montant vun 1.500 € ubidden. De fixen Zënssaz variéiert. D'Dauer vum Remboursement läit tëschent 24 an 120 Méint. De Kredit fir perséinlech Benotzung ass e „Prêt à tempérament”, deen et Iech erméiglecht, d'Suen esou ze verwennen, wéi Dir et fir richteg haalt. Zum Beispill, fir Äre Vakanzeprojet, eng romantesch Hochzäit, Äre Shopping oder onerwaart Ausgaben ze finanzéieren.

Beispill vun engem Prêt fir perséinlech Benotzung:

Wann Dir e Montant vun 30.000,00 € ausléint, musst Dir 84 Mensualitéite vun 462,73 € zeréckbezuelen zu engem festen „Taux annuel effectif global” (oder TAEG) vun 7,95% (fixen Debiteurszënssaz : 7,95%). Dir musst dann e Gesamtmontant vun 38.869,32 € zeréckbezuelen, dorënner 0,00 € Dossiersfraisen. Mir proposéieren Iech, bei Interessi, eng fakultativ Reschtscholdversécherung ofzeschléissen.


Fir e Prêt fir perséinlech Benotzung genehmegt ze kréie musst Dir:

  • an der Belsch oder zu Lëtzebuerg residéieren;
  • eng gülteg Identitéitskaart oder Openthaltsgenehmegung virweise kënnen;
  • Är dräi lescht Paiziedele presentéieren;
  • am Kader vun engem onbefristeten Aarbechtskontrakt (op d'mannst ee vun den 2 Beneficiaire vum Prêt) an der Belsch oder zu Lëtzebuerg beschäftegt sinn;
  • wa gefrot, Justificatiffer virweisen, déi Är Solvabilitéit garantéieren (Kautioun, Bierg, Proprietaire, asw.);
  • net an der „Banque nationale de Belgique” fichéiert sinn;


D'Virdeeler vu CreBelFin

  • Dir braucht de Grond vun Ärem Kredit net unzeginn.
  • Dir kritt eng Äntwert banne 5 Minutten no Ärer Ufro.
  • Dir profitéiert vun engem fixen an interessanten Zënssaz.
  • Et gi keng schlecht Iwwerraschungen.
  • D'Sue ginn Iech bannen 48 Stonnen nodeems Dir de Kontrakt ënnerschriwwen hutt iwwerwisen.
  • Dir braucht d'Bank net ze wiessele fir Är Suen ze kréien.
  • Mir offréieren Iech eng personaliséiert Begleedung.
*Opgepasst, Sue léine kascht och Suen | votrecreditenligne.be ass eng Mark vun CreBelFin SPRL - BE 0676.497.794 | FSMA n° 116246 A
Beispill vun engem Prêt fir perséinlech Benotzung - Montant : 10.001 € - Montant Mensualitéite : 210,33 € - TAEG 9,99% - Fixen Debiteurszënssaz : 9,99%. - Dauer: 60 mount - Gesamtmontant: 12.619,80 €