CreBelFin

FR | LUX | PT | NL Tel:  0032 2 852 34 42
Mob:  0032 474 34 65 30
E Kredit online ufroen

Kredit fir Aarbechten

Dir sidd Locataire oder Proprietaire, an Dir hutt Loscht op Ännerungen? Sief et fir Äert Doheem ze vergréisseren, eng Tëschewand ofzerappen, d'Fënsteren duebel ze verglasen, Är Kichen ze renovéieren oder Är Wunneng nei ze dekoréieren, de Prêt fir Aarbechten ass déi ideal Léisung. Dir kënnt Är Aarbechte selwer maachen, oder e Professionellen ustellen, ouni datt Dir en Apport musst maachen. Crebelfin këmmert sech ëm de Rescht, an erméiglecht et Iech, Är Pläng ze verwierklechen.

De Kredit fir Aarbechten ass e „Prêt à tempérament”. Wann Dir d'Gesamtkäschte vun Ären Aarbechten ënnerschat hutt, ass et duerchaus méiglech en zousätzleche Kredit ze kréien.

Beispill vun engem Kredit fir Aarbechten:

Wann Dir e Montant vun 10.000,00 € ausléint, musst Dir 48 Mensualitéite vun 220,51 € zeréckbezuelen zu engem festen „Taux annuel effectif global” (oder TAEG) vun 2,85% (fixen Debiteurszënssaz : 2,85%). Dir musst dann e Gesamtmontant vun 10.584,48 € zeréckbezuelen, dorënner 0,00 € Dossiersfraisen. Mir proposéieren Iech, bei Interessi, eng fakultativ Reschtscholdversécherung ofzeschléissen.


Fir e Prêt fir Aarbechten genehmegt ze kréie musst Dir:

  • an der Belsch oder zu Lëtzebuerg residéieren;
  • eng gülteg Identitéitskaart oder Openthaltsgenehmegung virweise kënnen;
  • Är dräi lescht Paiziedele presentéieren;
  • am Kader vun engem onbefristeten Aarbechtskontrakt (op d'mannst ee vun den 2 Beneficiaire vum Prêt) an der Belsch oder zu Lëtzebuerg beschäftegt sinn;
  • wa gefrot, Justificatiffer virweisen, déi Är Solvabilitéit garantéieren (Kautioun, Bierg, Proprietaire, asw.);
  • net an der „Banque nationale de Belgique” fichéiert sinn;


D'Virdeeler vu CreBelFin

  • Dir braucht de Grond vun Ärem Kredit net unzeginn.
  • Dir kritt eng Äntwert banne 5 Minutten no Ärer Ufro.
  • Dir profitéiert vun engem fixen an interessanten Zënssaz.
  • Et gi keng schlecht Iwwerraschungen.
  • D'Sue ginn Iech bannen 48 Stonnen nodeems Dir de Kontrakt ënnerschriwwen hutt iwwerwisen.
  • Dir braucht d'Bank net ze wiessele fir Är Suen ze kréien.
  • Mir offréieren Iech eng personaliséiert Begleedung.
*Opgepasst, Sue léine kascht och Suen | votrecreditenligne.be ass eng Mark vun CreBelFin SPRL - BE 0676.497.794 | FSMA n° 116246 A
Beispill vun engem Prêt fir perséinlech Benotzung - Montant : 10.001 € - Montant Mensualitéite : 210,33 € - TAEG 9,99% - Fixen Debiteurszënssaz : 9,99%. - Dauer: 60 mount - Gesamtmontant: 12.619,80 €