CreBelFin

FR | LUX | PT | NL Tel:  0032 2 852 34 42
Mob:  0032 474 34 65 30
Demandez un crédit en ligne

Actualités

Jan 27, 2018

Et ass méiglech, an der Belsch en Autoskredit ze kréien, fir en Auto zu Lëtzebuerg ze kafen

Während deenen Zäiten, wou et gënschteg ass, en Neiwon ze kafen, kucken d'Keefer sech heefeg um nationale Marché oder op där aner Säit vun der Grenz ëm, fir de beschten Taux fir en Autoskredit ze fannen. Wéi de perséinleche Kredit oder den Zeréckkaf vum Kredit, huet den Autoskredit an der Belsch vill Erfolleg bei der lëtzebuergescher Clientèle.


Den Automobilmarché ass enk un de Verbraucherkredit gebonnen. All Joer ginn d'Privatpersounen, déi op der Sich no engem Neiwon sinn, op den Autossalon an der Belsch oder den Autosfestival zu Lëtzebuerg. Hei soll och drop higewise ginn, datt ganz vill Occasiounsautoen ënnert de Privatleit verkaf ginn.

Den Autoskredit an der Belsch ass einfach zougänglech fir lëtzebuergesch Privatleit, déi en Auto bei engem professionellen Autoshändler wëlle kafen. Sief et fir e Kredit fir en Auto, e Motorrad, eng Roulotte oder e Schëff, e Kreditinstitut an der Belsch kann Iech gënschteg Konditioune proposéieren.

An der Regel muss de Kredit fir en Neiwon oder en Occasiounsauto sech op en Auto, dee vun engem professionellen Autoshändler verkaaft gëtt, bezéien. Fir de Verkaf vun Occasiounsautoen tëschent Privatpersounen, musst Dir op de Prêt fir perséinlech Benotzung zeréckgräifen.

Wann Dir en Autoskredit an der Belsch ophuelt, musst Dir de Bestellschäin oder d'Rechnung virweisen. Am Fall wou Dir kee sou en Dokument virleeë kënnt, ass et net méiglech, en Autoskredit ënnert den Autoskreditbedéngungen accordéiert ze kréien, an Dir musst op e klassesche perséinleche Prêt zréckgräifen.

An der Regel sinn d'Tauxen an der Belsch ganz attraktiv, besonnesch während der Salonszäit. En Austosprêt zu engem Taux vun 1% ass keng Ausnam.

Bei der Finanzéierung vun engem Neiwon kann d'Dauer, fir den Autoskredit ze rembourséieren, och virdeelhaft sinn. Dir kënnt Äre Kredit effektiv a 84 Méint zeréckbezuelen a vun engem niddregen Taux profitéieren, wann Dir en Apport maacht oder Äert aalt Gefier an d'Reprise gitt (an der Regel 15% vum Wäert vum neien Auto).

E Courtier a Saache Kreditter an der Belsch kann Iech och Versécherungen ubidden. Dir kënnt also Äert Gefier mat enger Haftflichtversécherung beim selwechte Courtier, deen Iech den Autoskredit accordéiert huet, assuréieren an esou just mat engem Uspriechpartner fir d'Gestioun vun Ären Dossieren (Kredit a Versécherung) zesummeschaffen.

Am Fall vun der Begläichung vun engem Schued ass dës Optioun och interessant, well Ären Dossier beim selwechte Fachmann bleift. Fir weider Informatiounen dozou, liest w.e.g. eisen Artikel iwwert dëst spezifescht Thema.

Dir braucht en Autoskredit an der Belsch? Rufft CreBelFin op d'Nummer 0032 2 852 34 42 un oder frot Äre Kredit gratis online un!


*TAEG fixe, voir conditions en agence | Attention, emprunter de l'argent coûte aussi de l'argent | CreBelFin SPRL - BE 0676.497.794 | FSMA n° 116246 A | MENTIONS LEGALES & VIE PRIVEE
Exemple de prêt à tempérament - Montant total du prêt: 10.001 € - Montant des mensualités: 210,33 € - TAEG: 9,99% - Taux débiteur Fixe: 9,99% - Durée du prêt: 60 mois - Montant total dû: 12.619,80 €
Durées pour un prêt personnel: minimum 24 mois - maximum 84 mois (120 mois pour un propriétaire)