CreBelFin

FR | LUX | PT | NL Tel:  0032 2 852 34 42
Mob:  0032 474 34 65 30
Demandez un crédit en ligne

Actualités

Jan 20, 2018

E Kredit an der Belsch fir Aarbechten zu Lëtzebuerg ophuelen

An nëmmen zwee Méint steet d'Fréijoer virun der Dier, eng Zäit, während där d'Leit gäre profitéieren, fir all Zorte vun Aarbechten duerchzeféieren. Sidd Dir als lëtzebuergesche Proprietär oder Locataire op der Sich, nom beschten Taux? Firwat also net an der Belsch e Kredit fir Aarbechten ophuelen?


De Prêt an der Belsch fir Aarbechten ass e Produit, deen et enger lëtzebuergescher Privatpersoun erméiglecht, Suen ze léinen, fir ënnerschiddlech Aarbechten duerchzeféieren (Elektresch, Réier, Fënsterrummen, Terrassement, Daach, Bannen- oder Bausserenovatioun, asw.).

D'Tauxe fir dës Zort vu Prête sinn an der Regel virdeelhaft, virun allem fir ekologesch Aarbechte mat engem niddregen Energieverbrauch. Déi ënnerleien tatsächlech engem virdeelhafte Steiersystem, wat d'Verbraucher oft ureegt, esou e Prêt unzefroen.

Fir vun engem Kredit an der Belsch fir Aarbechte profitéieren ze kënnen, musst Dir fir d'éischt en Devis oder eng Rechnung vun engem Entreprener virweisen. Verschidde Banken oder Kreditagencen an der Belsch bezuelen de Montant, fir d'Aarbechten ze finanzéieren, direkt un den Entreprener aus.

Anerer iwwerweisen d'Suen där Persoun, déi de Kredit ophëlt, déi dann d'Obligatioun huet, d'Geld ze benotzen, fir d'Aarbechten duerchzeféieren. Dem Bauhär ginn tatsächlech grouss Penalitéiten ugerechent, wann en decidéiert, net méi mat deem Entreprener, deen en ursprénglech erausgewielt hat, zesummenzeschaffen. Fir all Litige aus dem Wee ze goen, verlaangen d'Entrepreneren oft en Akkont, soubal de Kredit accordéiert gëtt.

An deem Sënn ënnerscheet de Kredit fir Aarbechte sech vum Kredit fir perséinlech Benotzung. Fir dëse Prêt muss een also d'Benotzung begrënnen an et däerf een d'Suen net fir aner Zwecker, wéi d'Ausféiere vun de geplangten Aarbechten, benotzen. Zousätzlech mussen d'Rechnungen an deem Fall direkt un de Betrib bezuelt ginn.

Eis Kreditagence zu Athus huet generell gesi gutt Kontakter mat de lokalen Entrepreneren a beréit Iech individuell, fir Iech esou gutt wéi méiglech an Ärem Choix ze dirigéieren.

Mir bidden Iech och all déi relevant Informatiounen iwwert Är Rechter an Obligatiounen, wat d'Prêten an der Belsch oder d'Kreditter zu Lëtzebuerg ubelaangt.

Aarbechten duerchzeféieren ass keng einfach Saach. Wann Dir also an der Belsch e Kredit ufrot, ass d'Wiel vun enger Kreditagence wéi eis déi beschte Léisung, fir vun optimale Rotschléi, wat Äre Kredit an déi gënschtegst Zënssätz ugeet, ze profitéieren.

Et ass duerchaus méiglech, d'Aarbechte selwer auszeféieren, ouni iwwert en Entreprener ze fueren, andeems Dir e perséinleche Prêt an der Belsch ufrot. Dir kritt dann e manner gënschtegen Taux, mä kënnt d'Sue vun Ärem Kredit fräi benotzen, sou wéi Dir et wëllt.

Dir braucht méi Informatiounen dozou? Frot Äre Kredit gratis online un oder rufft eis op d'Telefonsnummer 0032 2 852 34 42 un.


*TAEG fixe, voir conditions en agence | Attention, emprunter de l'argent coûte aussi de l'argent | CreBelFin SPRL - BE 0676.497.794 | FSMA n° 116246 A | MENTIONS LEGALES & VIE PRIVEE
Exemple de prêt à tempérament - Montant total du prêt: 10.001 € - Montant des mensualités: 210,33 € - TAEG: 9,99% - Taux débiteur Fixe: 9,99% - Durée du prêt: 60 mois - Montant total dû: 12.619,80 €
Durées pour un prêt personnel: minimum 24 mois - maximum 84 mois (120 mois pour un propriétaire)